Generalversammlung Generalversammlung
8521 Biekerech, Luxembourg
Generalversammlung
e Freiden, de 06. Mäerz 2020
ëm 19:00 Auer
zu Biekerech an der Millen (1. Stack) - 103, Huewelerstrooss
Programm:
- Usprooch vum President, dem Här Michel COLLETTE
- Rapport vum Caissier, dem Här Paul CLAUDE
- Rapport vun de Caisse-Kontrolleren
- Aktivitéitsrapport vum Sekretär
- De Michel Collette schwätzt zum Thema: D’Bei mat aneren Ae gekuckt!
Afloss vum Standuert op d’Beievëlker – D’Beien an Naturschutzgebitter?
- De Paul Claude mécht e Rapport vun enger Konferenz zu Dikrech vum
30.01.2020 zum Thema: Wéi kréien ech mäin Hunneg crèmeg?
- E puer Biller iwwert d’Fjorden an Norwegen
- Fräi Aussprooch
D’Cotisatioun fir 2020 beleeft sech op 50 €- (Haftpflichtversécherung mat Beienzeitung)
Fir d’Éieremembere mécht d’Cotisatioun 10 € aus.
Am beschten Dir iwwerweist Är Cotisatioun op eise Postscheck
( IBAN LU71 1111 0276 9550 0000 )
oder Dir kënnt och direkt an der Versammlung bezuelen.
Mir soen Iech elo schonns villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung!
Powered by iCagenda